Diner de fin d'année
-
WannDienstag 13.12.2022 19:00-22:00
-
OrtBrasserie Um Eck Hueschtert
-
TypSortie
-
.ics-Datei laden (Termin zu Outlook oder iCal hinzufügen)
Teilnehmer
Aktif Memberen
Gudde Moien alleguer,
Wéi schonn ugekënnegt invitéiere mir iech fir den 13.12. um 19h00 zesummen iessen ze goen an d’Brasserie Um Eck zu Hueschtert (10, rue Principale, 6990 Hueschtert).
Och Äre Partner ass ganz häerzlech wëllkomm!
Hei méi Detailer :
Menu
* Apéro
* 3 Haaptplae gi proposéiert:
1. Haam, Fritten an Zalotoder2. Kallefsbrotoder3. Risotto mat Champignonen (cèpes)
* 2 Desserten gi proposéiert:
1.Äppeltaart
oder
2. Crème brulée
Präis
Déi éischt Tournée Apéro ass offréiert vum Club.
De Club offréiert de Haaptpla un all d’Memberen (déi d’Kotisatioun bezuelt hunn). De Partner deen net Member ass bezuelt 25 €.
Dessert a Gedrénks bezuelt jiddereen fir sech selwer sur Place.
Umeldung
Fir d’Iesse muss jiddereen sech umelle spéitstens bis de 4. Dezember (um Clubdesk oder per Mail contact@fcn.lu ).
Mellt w.e.g. bei der Umeldung ob Dir eleng oder mat Partner kënnt, a wéi eng Haaptpla (1,2 oder3) an Dessert (1 oder 2) Dir an Äre Partner wëllt.
Fir de Partner dee net Member ass gëllt d’Iwwerweisung vun 25€ virum 4.12. op de Kont vum FCN als Umeldung. Kontosnummer FCN: IBAN: LU50 0030 4047 7730 0000 – Code BIC: BGLLLULL. Bei der Bezuelung w.e.g. als Vermierk uginn : Diner + Numm+ Nr Haaptpla & Dessert.
Mir hoffen dat Dir alleguer kënnt derbäi sinn!
Schéinen Dag nach!
Léif Gréiss,
Margaretha
Léif Gréiss,
Margaretha
fir de Comité