Virstellung vun eisem Club

Mir sinn de Fotoclub vun der Gemeng Nidderaanwen.

Grënnungséquipe zesumme mat de Responsablen vun der Gemeng an der FLPA

 

Am September 2016 hu mir eisen nach relativ jonke Club gegrënnt, mä an dëser Zäit awer scho vill geschafft.

Eise Sall an Studio ass an der aler Schoul zu Senneng a vu jonk bis aal, vu bluddegem Ufänger bis Profi ass bei eis alles vertrueden.
Jiddereeen as bei eis wëllkomm, egal ob aus der Gemeng oder net.

 

 

All 2. a 4. Mëttwoch am Mount hu mir em 20 Auer eisen Clubowend an eisem Sall. Do hale mir interessant Coursen a Workshopen, plangen eis nächst Fotosortien, bereeden Ausstellungen vir oder kucken an diskutéieren einfach d'Fotoen vun eise Memberen.

 


Fir dësen Zweck hu mir awer och nach ee flotte Facebook-Grupp, wou eis Memberen sech zu all Ament kënnen austauschen an hier Fotoen weisen (z.B. vun de gemeinsamen Ausflich).

-> FCN-Intern



Do gëtt et och ëmmer flott Concoursen fir eis Memberen.
Fir kuerzfristeg Organisatiounen hu en plus nach ee Whatsapp-Grupp.



Wann Iech dat do interesséiert an dir och gäre Member wëllt ginn, da klickt hei oder am Menu op Member ginn

Wann Dir Interessi huet fir Sponsor vun eisem Club ze ginn, da kënnt Dir Iech gären iwwert eis Kontakt-Säit mellen.